Novak Djokovic

Tennisspiller

Den Novak Djokovic, gebuer Novak Đoković (serbesch: Новак Ђоковић [nôʋaːk dʑôːkoʋitɕ]) den 22. Mee 1987 zu Belgrad, ass e serbesche professionellen Tennisspiller. Hie wunnt zanter 2020 zu Marbella, am Süde vu Spuenien.

Novak Djokovic
Gebuer 22. Mee 1987
Belgrad
Nationalitéit Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Serbien a Montenegro, Serbien
Aktivitéit Tennisspiller
Gréisst 188 cm
Gewiicht 77 kg
Kompetitiounsklass Tennis (Eenzel), Tennis (Dubbel)
Spillhand Rietshänner
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 2024, Olympesch Summerspiller 2012, Olympesch Summerspiller 2016, Olympesch Summerspiller 2020

Den Đoković hält d'Rekordzuel vun siwen Saisonen (2011, 2012, 2014, 2015, 2018, 2020 an 2021) op der Plaz 1 ewéi och den Rekord vun deenen meeschten Wochen op der Plaz 1 mat 388 un der Zuel. Mat sechs Titelen bei den ATP Finals hält hien zesummen mam Roger Federer den Rekord. An senger Karriär huet hien 94 Titel am Eenzel ewéi een Turnéier am Double gewonnen.

An der Statistik vun de gewonnenen Grand-Slam-Titelen am Eenzel ass hie mat 23 Titelen Éischten. Dobäi ass hien den eenzege Spiller, den all Grand-Slam-Turnéier minimum dräimol gewonnen huet. Sou huet hien zéngmol d'Australian Open, siwemol Wimbledon an jeeweils dräimol d'US Open an d'French Open gewonnen. Mat dem Erfolleg bei den French Open 2016 gouf hien nom Don Budge (1938) an Rod Laver (1962 an 1969) zum drëtten Spiller an der Geschicht, deen bei allen véier Grand-Slam-Turnéieren hannereneen gewonnen huet. Zousätzlech huet den Đoković 38 Turnéiere vun der ATP-Masters-1000-Serie an 2010 den Davis Cup gewonnen. Dobäi war den Đoković als Éischten an bis dato eenzegen Spiller bei allen aktuellen Turnéieren vun der Masters-Serie mindestens zweemol erfollegräich. Als 1. Spiller vun der Geschicht huet den Đoković och 100 bzw. 150 Milliounen US-Dollar un Turnéierpräisgelder gewonnen.

Erfolleger

änneren
Tennis Masters Cup 2008
ATP 250 Adelaide 1 2023
Australian Open 2008 | 2011 | 2012 | 2013 | 2015 | 2016 | 2019 | 2020 | 2021 | 2023
ATP 1000 Shanghai 2012 | 2013 | 2015 | 2018
ATP 500 Peking 2009 | 2010 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015
ATP 250 Eastbourne 2017
Wimbledon 2011 | 2014 | 2015 | 2018 | 2019 | 2021 | 2022
ATP 1000 Paris 2009 | 2013 | 2014 | 2015 | 2019 | 2021
French Open Herren 2016 | 2021 | 2023
ATP 250 Tel Aviv 2022
ATP Finals 2008 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | 2022
ATP 1000 Rom 2008 | 2011 | 2014 | 2015 | 2020 | 2022
ATP 500 Tokio 2019
ATP 1000 Toronto 2007 | 2011 | 2012 | 2016
ATP 500 Nur-Sultan 2022
ATP 250 Doha 2016 | 2017
ATP 1000 Monte Carlo 2013 | 2015
ATP 500 Basel 2009
Belgrade Open 2021
ATP 250 Belgrad 2009 | 2011
ATP 1000 Madrid 2011 | 2016 | 2019
ATP 1000 Indian Wells 2008 | 2011 | 2014 | 2015 | 2016
ATP 1000 Miami 2007 | 2011 | 2012 | 2014 | 2015 | 2016
ATP 1000 Cincinnati 2018 | 2020
US Open 2011 | 2015 | 2018
ATP 500 Dubai 2009 | 2010 | 2011 | 2013 | 2020
ATP 500 Wien 2007

Den Djokovic gouf och als YouTube-Videoblogger bekannt.

2013 ass säi Buch mam Titel: "Serve To Win" erauskomm.

Um Spaweck

änneren
Commons: Novak Djokovic – Biller, Videoen oder Audiodateien