Nosferatu - Phantom der Nacht

Nosferatu - Phantom der Nacht ass en däitsch-franséische Vampirfilm vum Werner Herzog aus dem Joer 1979 nom Roman vum Bram Stoker.

Nosferatu - Phantom der Nacht
Film
Produktiounsland Däitschland
Frankräich
Produktiounsjoer 1979
Première 1979
Dauer 107 min
Faarf Faarweg
  Eastmancolor
Format 1,85:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Däitsch
Englesch
Ekipp
Regie Werner Herzog
Dréibuch Werner Herzog
nom Roman vum Bram Stoker
Fotografie Jörg Schmidt-Reitwein
Musek Popol Vuh
Schnëtt Beate Mainka-Jellinghaus
Dekoren Henning von Gierke
Produzent Werner Herzog
Produktiouns-
gesellschaft
Werner Herzog Filmproduktion
Gaumont
Zweites Deutsches Fernsehen (ZDF)
Schauspiller
Klaus Kinski als Grof Dracula
Isabelle Adjani als Lucy Harker
Bruno Ganz als Jonathan Harker
Roland Topor als Renfield
Walter Ladengast als Dr. Van Helsing
Dan van Husen als Warden
Jan Groth
Jacques Dufilho
Werner Herzog
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Jonathan Harker vu Wismar fiert an d'Karpaten fir do mam Grof Dracula iwwer de Verkaf vun engem Haus ze verhandelen. Den Harker am Schlass vum Grof ukomm gëtt Nuets vum Dracula gebass. De Grof Dracula verléisst duerno säi Schlass a seegelt mam Schëff op Wismar. Wéi d'Schëff do ukënnt ass de ganzen Equipage dout et si just nach Raten um Schëff. Gläich drop brécht d'Pescht zu Wismar aus...

Soss änneren

Bis op de Schluss, dee méi pessimistesch ass, ass dem Herzog säi Film e Remake vum Friedrich Wilhelm Murnau sengem Stommfilm-Klassiker Nosferatu - eine Symphonie des Grauens vun 1922.

Nieft der Musek vu Popol Vuh ginn och nach de Sanctus vum Charles Gounod senger Caecilemass a Passagen aus Rheingold vum Richard Wagner am Film gebraucht.

De Film ass an zwou Sproochen, englesch an däitsch, gedréint ginn.

Um Spaweck änneren