Tierkesch Republik Nordzypern

(Virugeleet vu(n) Nordzypern)

D'Tierkesch Republik Nordzypern, kuerz Nordzypern, Tierkesch: Kuzey Kıbrıs Türk Cumhuriyeti (KKTC), ass en De-facto-Regimm am Norde vun der Mëttelmierinsel Zypern, dat vun der internationaler Staatecommunautéit (mat Ausnam vun der Tierkei) net als Staat unerkannt gëtt. De jure gehéiert den Territoire zu der Republik Zypern, där hir Regierung zanter 1963 just nach aus Zyperngriiche besteet an zanter datt den Norde vun der Insel 1974 vun der Tierkescher Arméi besat gouf keng Autoritéit méi iwwer dësen Territoire huet.

Haaptstad vun der Tierkescher Republik Nordzypern ass den nërdlechen Deel vu Lefkosia.

D'Bevëlkerung besteet op der enger Säit aus tierkeschen Zyprioten,déi zanter Joerhonnerten op der Insel liewen an an der Suite vum Zypern-Konflikt zu engem groussen Deel aus hiren Heemechtsuertschaften am Süden dohin hu misse plënneren, an op der anerer Säit aus Tierken, déi zanter 1974 vum tierkesche Festland, besonnesch aus Anatolien dohikomm sinn.

Déi meescht Zypern-Griichen, déi am Norde gewunnt hunn, sinn 1974 vun do verdriwwe ginn.

2014 gouf et eng Vollekszielung, no där et an der Tierkescher Republik Nordzypern 313.626 Awunner gouf.

Politik

änneren

De Staatspresident gëtt fir 5 Joer direkt vum Vollek gewielt. D'Parlament vun der Republik (Cumhuriyet Meclisi) huet 50 Sëtz a gëtt och fir 5 Joer gewielt.

Administrativ Andeelung

änneren

Et gëtt 5 Distrikter (İlçe):

Um Spaweck

änneren
Commons: Tierkesch Republik Nordzypern – Biller, Videoen oder Audiodateien