Nonna Wiktorowna Mordjukowa

russesch Schauspillerin
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Nonna Wiktorowna Mordjukowa (op Russesch: Нонна Викторовна Мордюкова), gebuer de 25. November 1925 zu Kostjantyniwka an der haiteger Ukrain als Nojabryna Mordjukowa (uk: Ноябрина Мордюкова) a gestuerwen de 6. Juli 2008 zu Moskau, war eng russesch Film- an Theaterschauspillerin.[1],[2]

Nonna Wiktorowna Mordjukowa
Vladimir Putin 21 December 2000.jpg
Gebuer 25. November 1925
Gestuerwen 6. Juli 2008
Moskau
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Schauspiller
Famill
Bestuet mat Vyacheslav Tikhonov
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Si war eng ganz beléift Schauspillerin an der fréierer Sowjetunioun.[3] 1969 krut si den Titel Vollekskënschtlerin vun der RSFSR an am Joer 1974 krut si den Titel Vollekskënschtlerin vun der Sowjetunioun.[4] D'Nonna Mordjukowa gouf 2010 vun der Who is Who-Enzyklopedie als eng vun de beschte Schauspillerinnen aus dem 20. Joerhonnert consideréiert.[5]

Hire fréiere Mann war de Schauspiller Wjatscheslaw Tichonow.[6]

FilmographieÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Nonna Mordjukowa – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. http://www.csfd.cz/tvurce/2761-nonna-mordjukova/
  2. http://www.aif.ru/culture/person/nonna_mordyukova_genialnaya_na_scene_bezzaschitnaya_v_zhizni
  3. http://www.vokrug.tv/article/show/nonna_mordyukova_-_simvol_sssr_7797/
  4. http://www.imdb.com/name/nm0603314/awards?ref_=nm_awd
  5. https://sputniknews.com/voiceofrussia/2010/11/25/35602011/
  6. http://bulvar.com.ua/gazeta/archive/s31_2832/1676.html.