D'Nofretete (an anere Sproochen dacks „Nefertiti“, egyptesch Nfr.t-jy.tj) war d'Haaptfra vum Pharaon Echnaton (Amenhotep IV.); si huet am 14. Jh. v. Chr. gelieft. Si gouf bekannt duerch d'Büst aus Kalleksteen a Gips, déi de 6. Dezember 1912 fonnt gouf an haut am Egyptesche Musée, am Nordfligel vum Neuen Museum op der Museumsinsel zu Berlin ausgestellt ass.

Büst vun der Nofretete (Neues Museum, Berlin.)

D'Nofretete soll bei hirem Bestietnes mam Echnaton nach ganz jonk gewiescht sinn. Si krut 6 Diechter: d'Meritaton, d'Maketaton, d'Anchesenpaaton, d'Neferneferuaton, d'Neferneferure an d'Setepenre. Vu Jongen ass näischt bekannt. D'Nofretete an den Echnaton war déi éischt egyptesch Kinnekskoppel, déi hiert Privatliewen ëffentlech ofbilde gelooss huet.

D'Nofrete war eng Zort Coregente a krut, op d'mannst symbolesch, pharaonesch Muecht: Sou ass de bloen Helm vun hirer bekannter Büst e Chepresch, e Krichshelm, a s'ass och e puermol ofgebilt, wéi se Feinden ermëlzt, eng Stereotyp, déi ee bei Pharaonen erëmfënnt. Eng méiglech Erklärung dofir ass, datt si nom Doud vum Echnaton deem säin Troun iwwerholl hätt.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nofretete – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.