Neues Museum ("Neie Musée") ass den Numm vun engem Musée op der Museumsinsel zu Berlin. D'Gebai gouf tëscht 1843 an 1855 no Pläng vum Friedrich August Stüler gebaut, engem Schüler vum Karl Friedrich Schinkel. Et gouf am Zweete Weltkrich schwéier beschiedegt a war joerzéngtelaang just eng Ruin, déi 1989 virum definitiven Zesummefall huet misse gerett ginn. Et gouf decidéiert, d'Gebai nees opzeriichten. D'Aarbechten dozou hunn 1999, no Pläng vum Architekt David Chipperfield ugefaangen an hunn zéng Joer gedauert. De 16. Oktober 2009 gouf et offiziell ageweit.

Den Egyptesche Bannenhaff, aus: Friedrich August Stüler, Das Neue Museum in Berlin, Riedel 1862
Ostfaçade vum Neue Museum mam Passage bei den Altes Museum.

D'Sammlung vum Musée besteet aus den archeologesche Kollektioune vum Egyptesche Museum an enger Papyrus-Sammlung, dem Musée fir Vir- a Fréigeschicht an anere klassesche Sammlungen.

Dat wuel bekanntsten Exponat am Musée ass eng Büst vun der Nofretete.

D'Büst vun der Nofretete.

2011 krut de Musée de Präis vun der Europäescher Unioun fir zäitgenëssesch Architektur.

Um Spaweck änneren

Commons: Neues Museum – Biller, Videoen oder Audiodateien