Nobeyama Radio Observatory

Den Nobeyama Radio Observatory (kuerz: NRO) ass e Radioobservatoire zu Minamimaki a Japan. Den Nobeyama Radio Observatory ass en Departement vum National Astronomical Observatory of Japan. Den Observatoire bedreift dräi Radioteleskopen op enger Plaz an 1350 m Héicht:

  • en Teleskop fir Radiowelle bis erof op 2 mm Wellelängt, mat engem Reflekterduerchmiesser vu 45 m
  • e Radiointerferometer, fir Millimeterwellen tëscht 3 an 1 mm Wellenlängt, mat 6 Antenne mat jee 10 m Reflekterduerchmiesser
  • e Radioheliograph fir Radioobservatioune vun der Sonn.
Den Nobeyama Radioobservatoire am Joer 2009

Den NRO bedreift och d'Very Long Baseline Interferometry inklusiv de Satellit HALCA. Et gëtt weider eng Bedeelegung um Atacama Large Millimeter Array ugestrieft.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Nobeyama Radio Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien