Den Ninglinspo ass eng kleng Baach an der Belsch an der Provënz Léck um Territoire vun de Gemengen Aywaille an Theux.

Den Ninglinspo zu Sedoz

Déi kleng Baach déi knapps eng Längt vu 7 km huet, ass eng vun de remarkabelste Baachen an der Belsch. D'Baach déi de Character vun enger Biergbaach huet entspréngt op enger Héicht vu 510 Meter praktesch um Waasserscheed tëscht dem Baseng vun der Ourthe an der Amblève, fir südlech vun Aywaille op enger Héicht vun 140 Meter bei der klenger Uertschaft Sedoz an d'Amblève ze lafen.

Se huet hir Quell am Bois de la Porallée um Flouer vu Bronromme net wäit ewech vum Haff mat dem selwechten Numm. Se leeft vun do aus no Nordwesten bis se op der Héicht vun der klenger Uertschaft Vert Buisson no ronn 2400 Meter no Westen dréint fir um Hé Jaminet no dem Zesummefloss mat dem Ruisseau des Blanches Pierres an hire géien Deel ze kommen.

Vun do aus geet et dann duerch schmuel Griechte ganz schëtzeg biergaf. Se verléiert op 3.300 Meter, 260 Meter un Héicht wat engem Gefäll vun 8 Meter op honnert Meter Streck entsprécht. Well se awer op deem Deel och méi flaach Partien huet, gläicht se dat duerch Cascaden aus. Et sinn dat op 2500 Meter bis zum Zesummefloss mat dem Ruisseau de la Chaudière siwe Stéck, an zwar de Bain de la Loutre, Bain des Naïades, Bouillon de la Chaudière, Bain d'Hermès, Bain du Cerf, Bain de Diane, Bain de Vénus.

En Trëppelpaad deen dolaanscht geet, féiert de Spazéiergänger laanscht géi Hänk, iwwer d'Baach an duerch d'Baach duerch eng Landschaft déi mat groussen a klenge Fielsbléck duerchsat ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Ninglinspo – Biller, Videoen oder Audiodateien