Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow

Russesche Komponist

Den Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow (ru.: Никола́й Андре́евич Ри́мский-Ко́рсаков), gebuer de 6. Mäerzjul./ 18. Mäerz 1844greg. zu Tichwin bei Sankt Péitersbuerg, a gestuerwen den 8. Junijul./ 21. Juni 1908greg. op Ljubensk bei Luga, war e russesche Komponist.

Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow
Gebuer 6. Mäerz 1844 jul.
Tichwin
Gestuerwen 21. Juni 1908
Ljubensk
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Educatioun Kadetteschoul vun der Marine
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Musikolog, Autobiograph, Musekspedagog, Musekstheoretiker, Universitéitsprofesser, Militär
Famill
Bestuet mat Nadeschda Rimskaja-Korsakowa
Geschwëster Voin Rimsky-Korsakov
Kanner Andrej Rimskij-Korsakov, Michail Nikolaevic Rimsky-Korsakov

Hie war vun 1871 bis 1874 Professer fir Instrumentatioun a Kompositioun um Sankt Péitersbuerger Conservatoire, du bis 1881 Direkter vun der Fräischul fir Musek an huet och als Dirigent a Pedagog geschafft.

Säi Kompositiounsstil war vum Glinka a Balakirew, Berlioz a Liszt beaflosst.

Hien huet 15 Opere geschaaft, divers Orchesterwierker, déi meeschtens zu der Programmmusek gezielt ginn, ma och Chouerwierker, Kammer- a Pianosmusek, Lieder, Transkriptiounen an Orchestréierungen.

Operen änneren

  • Pskowitjanka (D'Meedche vu Pskow) (1868–72, UA 1873)
  • Bojarynja Wera Scheloga (D'Bojarin Wera Scheloga) (1877–78, UA 1898)
  • Maiskaja notsch (Meenuecht) (1878–79, UA 1880)
  • Snegurotschka (Schnéifläckelchen) (1880–81, UA 1882)
  • Mlada (1889–90, UA 1892)
  • Notsch pered Rojdestwom (D'Nuecht viru Chrëschtdag) (1894–95, UA 1895)
  • Sadko (1895–96, UA 1898)
  • Mozart i Saljeri (De Mozart an de Salieri) (1897, UA 1898)
  • Zarskaja newesta (Dem Zar seng Braut) (1898, UA 1899)
  • Skaska o zare Saltane (D'Märche vum Zar Saltan) (1899–1900, UA 1900 – dodra säi wuel bekanntst Wierk: "De Fluch vun der Bommel")
  • Serwilja (Servilia) (1900–01, UA 1902)
  • Kaschtschei Bessmertny (Den Onstierfleche Kaschtschei) (1901–02, UA 1902)
  • Pan Wojewoda (1902–03, UA 1904)
  • Skasanije o newidimom grade Kiteje i dewe Fewronii (D'Legend vun der onsiichtbarer Stad Kitej an der Joffer Fewronija) (1903–04, UA 1907)
  • Solotoi petuschok (De gëllenen Hunn) (1906–07, UA 1909)

Sinfonien änneren

  • Sinfonie Nr. 1 es-Moll op. 1 (1861–65/1884)
  • Sinfonie Nr. 2 op. 9 Antar (1868/75/97)
  • Sinfonie Nr. 3 a-Moll + C-Dur (1866-73/1886/1899/1904–1906)

Soss Orchesterwierker änneren

  • Ouverture iwwer russesch Theemen op. 28 (1866/1879–80)
  • Fantasie iwwer serbesch Theemen op. 6 (1867/1886–87)
  • Sadko op. 5 (1867/69/92)
  • Orchestréierung vun 2 Sätz aus dem Pianoszyklus Biller aus enger Ausstellung vum Modest Mussorgski (1874)
  • Concert a Si majeur fir Trombonn a Blosorchester (Allegro vivace – Andante cantabile – Allegro) (1877–1878)
  • Concertstéck a Mi bémol majeur fir Klarinett a Blosorchester (Allegro moderato – Andante – Allegro moderato) (1878)
  • Variatiounen a Sol mineur fir Hautbois a Blosorchester op en Theema vum Michail Glinka „Chto krasotka molodaya“ (Theema, 12 Variatiounen a Finale) (1878)
  • Skazka (Märchen) op. 29 (1879–80)
  • Sinfonietta iwwer russesch Theemen La mineur op. 31 (1880–84)
  • Pianosconcert an Do bémol mineur op. 30 (1882–83)
  • Fantasie iwwer zwéi russesch Theeme fir Gei an Orchester op. 33 (1886–87)
  • Kapritschtschio na ispanskije temi (Capriccio espagnol) op. 34 (1887)
  • Scheherazade. Sinfonesch Suite op. 35 (1888)
  • Svetliy prazdnik (Russesch Ouschteren). Ouverture op. 36 (1888)
  • Serenade fir Cello an Orchester op. 37 (1903)
  • Nad mogiloy (Beim Graf) op. 61 (1904)
  • Dubinuschka op. 62 (1905)

Kammermusek änneren

  • Sträichquartett a Fa majeur op. 12 (1875)
  • Sträichsextett a La majeur (1876)
  • Quintett a Si majeur fir Flütt, Klarinett, Cor, Fagott a Piano (1876)
  • Sträichquartett iwwer russesch Theemen (1878–79; 1.–3. Saz gouf zu der Sinfonietta op. 31 verschafft)
  • Sträichquartett Sol majeur (1897)
  • Pianotrio Do mineur (1897)

Musektheoreetescht Wierk änneren

  • Nikolai Rimsky-Korsakow: (de: "Harmonielehre"; en: "Principles of orchestration")

Literatur änneren

  • Nikolai Rimsky-Korsakow: Chronik meines musikalischen Lebens. Reclam, Leipzig 1968.
  • Sigrid Neef: Die Russischen Fünf: Balakirew – Borodin – Cui – Mussorgski – Rimski-Korsakow. Monographien – Dokumente – Briefe – Programme - Werke. Verlag Ernst Kuhn. Berlin 1992, ISBN 3-928864-04-1.
  • Ernst Kuhn (Hrsg.): Nikolai Rimsky-Korsakow, Zugänge zu Leben und Werk. Monographien – Schriften – Tagebücher – Verzeichnisse. Kuhn, Berlin 2000, ISBN 3-928864-15-7.

Um Spaweck änneren

Commons: Nikolai Rimsky-Korsakov – Biller, Videoen oder Audiodateien