Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Reliounsprofesser Nicolas Weirich. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Weirich.


Den Nicolas (Nic.) Weirich, Neckel genannt [1], gebuer den 20. Abrëll[2] 1862 zu Kanech a gestuerwen den 31. August 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.

Nicolas Weirich
Gebuer 20. Abrëll 1862
Kanech
Gestuerwen 31. August 1926
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geeschtlechen

Dem Nic Weirich seng Eltere waren de Jean Pierre Weirich (Weyrich) vu Kanech an d'Anne Marie Rauen vu Lenneng. De Papp war Bauer (Ackerer). Den Nic. war dat jéngst vun néng Kanner.[3]

Doktorat am Kiercherecht änneren

No sengem Premièresexamen am Stater Kolléisch am Joer 1882 ass den Nic. Weirich an de Seminaire vu Lëtzebuerg gaangen. Am August 1885 ass hien zum Priister geweit ginn. Dono huet hien zu Louvain zwee Joer laang Kiercherecht an Zivilrecht studéiert an uschléissend am Fréijoer 1890[4] säi Studium zu Roum op der Gregoriana mat engem Doktorat am Kiercherecht ofgeschloss. Vum November 1890 u war hie Vicaire an der Kathedral vu Lëtzeburg.[5]

Direkter vun der Iechternacher Bullett änneren

Am Oktober 1896 gouf hie Reliounsprofesser am Iechternacher Kolléisch an gläichzäiteg och Direkter vum Iechternacher Schülerpensionat (Bullett). Am September 1902 huet hien als Professer demissionéiert, ass awer bis den 1. August 1909, wou hien aus Gesondheetsgrënn opgehalen huet,[6] Direkter vum Pensionat bliwwen.[7] Dono huet hie sech op de Lampertsbierg zeréckgezunn.[5]

Professer an der Normalschoul änneren

Vum November 1917 bis de September 1921 huet hie Relioun a Moral an der Normalschoul enseignéiert. Am Oktober 1921 gouf hien Inspekter fir de Reliounsunterrecht an der Diözees Lëtzebuerg[8] a Member vun der staatlecher Unterrechtskommissioun [9].

Chanoine titulaire änneren

1921 gouf hie Chanoine honoraire (Ehrendomherr) vun der Kathedral[10] an den 1. September 1924 Chanoine titulaire (Domkapitular)[11].

Den Nic Weirich gouf den 2. September 1926 zu Kanech begruewen.[12]

Hie war den Auteur vun enger Rei vu Publikatiounen, déi virun allem mat pedagogeschen oder schoulpolitesche Sujeten ze dinn haten.

Publikatiounen änneren

  • 1891. Die Mensur oder Das Studentenduell. Linzer Quartalschrift, Linz, 1891, S. 31-38.[13]
  • 1895. Der Vincenz-Verein. Rede, gehalten von Hrn. Vikar Weirich, gelegentlich der letzten Generalversammlung am 7. Dezember. Luxemburger Wort 1895-12-11, S. 2-3, Nr. 345. [1]
  • 1904. Unsere Pensionate und ihre Gegner. Luxemburger Wort 1904-03-08, S. 2, Nr. 68. [2] – Luxemburger Wort 1904-03-09, S. 2, Nr. 69 (Fortsetzung und Schluß). [3]
  • 1904. Unsere Pensionate und ihre Gegner. Luxemburg: Sankt Paulus-Gesellschaft, 12 S. [Sonderdruck].
  • 1904. Sollen unsere Kinder spielen oder turnen? : Ein Vorschlag zur Lösung der Frage. Luxemburg: St. Paulus-Gesellschaft, 47 S.
  • 1906. Zur Frage der Preis-Verteilung : Eine pädagogische Studie. Luxemburg-Bahnhof: Sankt Paulus-Gesellschaft, 40 S.
  • 1910. Keine neutrale Schule für christliche Kinder : Ein Ratgeber für Eltern, Lehrer und Politiker in der Schulfrage. Luxemburg: Sankt Paulus-Gesellschaft. 103 S.[14]
  • 1912. Die Wahrheit über das neue Schulgesetz. Luxemburg: Sankt Paulus Gesellschaft, 44 S.

Literatur änneren

  • Anonym, 1926. Domkapitular Nik. Weirich †. Luxemburger Wort 1926-09-01, S. 2, Nr. 244.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 S.
  • Didier, N., 1926. Le gymnase d'Echternach de 1901 à 1926. Travail statistique. Luxembourg, J. Beffort, 63 S.
  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922: I-VIII, 1-79 S.
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 125 S.
  • Seiler, E., 1992. Das bischöfliche Konvikt Sankt Willibrord. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St-Paul, S. 233-274.

Referenzen änneren

  1. Obermosel-Zeitung 1922-04-15, S. 3 (Die Fahrt in die Vakanz).
  2. Luxroots; Gemeng Lenneng, Gebuertsregëster 1862, Nr. 16; Anonym 1926 – falschen Datum (19. Abrëll) bei Blum 1981, Heuertz 1922, Didier 1926, Lang 1967.
  3. Luxroots.
  4. LW 1890-06-04, S 3, Nr. 155 (Lokal-Neuigkeiten. Luxemburg, 4. Juni).
  5. 5,0 5,1 Anonym 1926.
  6. L'Indépendance luxembourgeoise 1909-09-13, S. 3 ( À travers le Grand-Duché : Clergé).
  7. Didier 1926; Seiler 1992, S. 242-246.
  8. Anonym 1926 – Didier 1926 a Lang 1967 schreiwen iertëmmlech, dat wier eréischt am Oktober 1922 geschitt.
  9. LW 1921-10-06, S. 3 (Primärunterricht).
  10. L'Indépendance luxembourgeoise 1912-12-03, S. 1, N° 338 (Nominations ecclésiastiques).
  11. Didier 1926.
  12. Obermosel-Zeitung 1926-09-04, S. 3, Nr.205 (Canach, 2. Sept.).
  13. Blum 1981, S. 569.
  14. Bespriechung : Luxemburger Wort 1910-04-23, S. 2, Nr. 113/114. (Luxemburg, 23. April. Neutrale Schule.)