Sacramento (Kalifornien)

Sacramento ass zanter 1854 d'Haaptstad vum US-Bundesstaat Kalifornien. D'Stad steet beim American River a beim Sacramento River, déi bei der Stad zesummelafen.

Sacramento
River City, Sac-Town, Sac, The Big Tomato
Fändel
Sigel
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Bundesstaat Kalifornien
Fläch 259,273528 km²
Awunner 524.943 (1. Abrëll 2020)
Héicht 8
Zäitzon UTC−8,
UTC−7
Buergermeeschter Kevin Johnson (2. Dezember 2008)
Koordinaten 38°34'31"N, 121°29'10"W

Geschicht

änneren

Sacramento ass am Joer 1848 als Goldgriewer-Siidlung wärend der Zäit vum Goldrausch entstanen. 1856 ass déi éischt Eisebunn zu Sacramento ageweit ginn, wat mat sech bruecht huet, datt Sacramento ganz séier zu engem Handelszentrum erugewues ass. De State Capitol ass an der Zäit vun 1861 bis 1869 entstanen.

Geographie

änneren

Obscho Sacramento nëmmen 120 km vun der Küst ewech läit, ass et am Summer dacks ganz waarm. Zu Sacramento hu se ee mediteraant Klima. Duerch d'Lag no beim San-Andreas-Gruef ass Sacramento ëmmer nees vun Äerdbiewe betraff.

Um Spaweck

änneren
Commons: Sacramento, California – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Skyline vu Sacramento