Nicolas Kanivé
De Nicolas Kanivé oder Nicolas Kannivé, gebuer den 23. November 1887 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 12. Juli 1966[1], war e lëtzebuergeschen Turner, Wäitsprénger an Olympionik.[2]
Nicolas Kanivé | |
---|---|
Gebuer |
23. November 1887 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
12. Juli 1966 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
![]() |
Hien ass op den Olympesche Summerspiller 1912 zu Stockholm an der Lëtzebuerger Turnekipp mat ugetrueden, an huet 1920 op der Olympiad zu Antwerpen Lëtzebuerg als Wäitsprénger vertrueden.[3]
D'Ekipp gouf am europäesche System déi véiert an am fräie System déi fënneft. Am Eenzel gouf hien den zwanzegsten.
Am Wäitsprong gouf hien zu Antwerpen den nénganzwanzegsten.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Lëtzebuerger Turner op den Olympesche Spiller 1912 | ||
Nicolas Adam - Charles Behm - André Bordang - Jean-Pierre Frantzen - Michel Hemmerling - François Hentges - Pierre Hentges - Jean-Baptiste Horn - Nicolas Kanivé - Émile Knepper - Nicolas Kummer - Marcel Langsam - Emile Lanners - Maurice Palgen - Jean-Pierre Thommes - François Wagner - Antoine Wehrer - Ferdinand Wirtz - Joseph Zuang |
Referenzen änneren
- ↑ Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Säit 29
- ↑ Den Nicolas Kannivé op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Den Nicolas Kannivé op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'