De Sir Neville Marriner, CH, CBE, gebuer de 15. Abrëll 1924 zu Lincoln, an England, a gestuerwen den 2. Oktober 2016[1], war e britteschen Dirigent a Violonist.

Neville Marriner
Gebuer 15. Abrëll 1924
Gestuerwen 2. Oktober 2016
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Paräisser Conservatoire,
Lincoln Christ's Hospital School
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Museker, Violonist

Vun 1950 bis 1959 war e Professer fir Gei um Londoner Royal College of Music. Vun 1952 u war hie Violonist beim Londoner Philharmonia Orchestra a beim London Symphony Orchestra LSO.

1958 huet hie mat 12 aneren LSO-Museker de Kammerorchester Academy of St Martin in the Fields gegrënnt. Nodeems se e déi éischt Joer Krämpes haten, iwwer d'Ronnen ze kommen, haten se 1970 mat enger Opnam vum Antonio Vivaldi senge Véier Joreszäiten e grousse Succès, deen déi Joren drop, mat enger ganzer Rëtsch vu Placke mat Aspillunge vu verschiddene Komponisten, nach méi grouss sollt ginn.

Vun 1969 bis 1979 war de Marriner Dirigent vum Los Angeles Chamber Orchestra, dono bis 1986 Musikaleschen Direkter vum Minnesota Orchestra. Vun 1983 bis 1989 huet hien de Radio-Sinfonieorchester Stuttgart geleet.

1984 huet hien d' Academy of St. Martin in the Fields bei hirer Opnam vun der Filmmusek fir dem Miloš Forman säin Amadeus dirigéiert.

Literatur änneren

  • Christian Tyler: Making Music: Neville Marriner and the Academy of St Martin in the Fields. Unicorn Press, Norwich, 2009, ISBN 9781906509040.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Leading British conductor Sir Neville Marriner dies at 92. BBC, 2. Oktober 2016.