Neozoen
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Neozoen (Griichesch: "neos" = nei; "zoon" = Liewewiesen; Eenzuel: Neozoon, Plural: Neozoa (lat.) oder Neozoen) sinn Déieren, déi bewosst oder onbewosst, direkt oder indirekt vum Mënsch no 1492, dem Joer vun der Rees vum Christoph Kolumbus an Amerika, a Gebidder agefouert goufen, an deene si vun Natur aus net virkomm sinn. Neozoë gehéiere mat den Neophyten an den Neomyceten zu den Neobiota.

Ënnerschiddlech gemustert asiatesch Himmelsdéiercher
Beispiller vun Neozoen zu LëtzebuergÄnneren
- Asiatescht Himmelsdéierchen – Harmonia axyridis (Pallas, 1773)
- Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax – Vespa velutina nigrithorax (du Buysson, 1905)
- Bisamrat – Ondatra zibethicus (Linnaeus, 1766)
- Europäesche Mouflon / Muffel(-schof) – Ovis orientalis musimon (Pallas, 1811)
- Nilgäns – Alopochen aegyptiaca (Linnaeus, 1766)
- Marderhond – Nyctereutes procyonoides (Gray, 1834)
- Wäschbier – Procyon lotor (Linnaeus, 1758)
Um SpaweckÄnneren
- Neozoen zu Lëtzebuerg, um Portal neobiota.lu vum Naturmusée (en)