Nei Aarbecht S.à.r.l. ass eng lëtzebuergesch Organisatioun déi am Sozialberäich aktiv ass.

D'Organisatioun, déi 1985 gegrënnt gouf, ass eng vun de Strukture vum Comité national pour la défense sociale (CNDS).[1]

Nei Aarbecht offréiert Mënschen déi sozial schwaach sinn eng Aarbecht an eng Wunneng an engem vun hire Foyeren. Zil ass et, deene Betraffenen ze hëllefen (erëm) en autonoomt Liewen ze féieren, ouni d'Hëllef vu Sozialaarbechter.[1]

D'Haaptaktivitéit vun der S.a.r.l. besteet aus dem Ofhuelen an der Reparatur vu Gebrauchsobjeten, virun allem Miwwelen, elektresch Apparater, Vëloen, Gezei, Spillsaachen, Parzeläin, asw. No hirer Reparatur ginn dës Objeten am Lager vun der Organisatioun zu Hielem verkaaft, dat zu Präisser vu meeschtens 1 bis 4 Euro.[1]

2012 beschäftegt Nei Aarbecht 12 fest ugestallte Mataarbechter déi 15 Aarbechter encadréieren.[1]

Atelieren a Foyeren änneren

D'Ateliere vun Nei Aarbecht sinn zu Hielem, wou och de Verkaf ass.

Nei Aarbecht geréiert de Foyer de Greef zu Bouneweg, zesumme mat der Vollekskichen, an e Foyer an eng Kantin zu Hielem.[1] D'Bewunner vun de Foyere schaffe gréisstendeels bei Nei Aarbecht, wat awer net a priori de Fall muss sinn.[1]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 K. Rausch, 2012. Comité national de défense sociale. Les 45 premières années d'un pionnier du social.