D'Naxi oder Nakhi (纳西族) sinn e Vollek am Südweste vun der Volleksrepublik China. Et sinn dat eng 300.000 Leit, déi an de südëstlechen Ausleefer vum Himalaya, am Weste vun de Provënze Yunnan a Sichuan liewen. Den Zentrum vun der Naxi-Kultur ass d'Stad Lijiang, där hir Alstad vun der UNESCO als Weltkulturierwen deklaréiert gouf.

Fra an typescher Naxi-Truecht

D'Naxi sinn eng vun de 56 offiziell unerkannten ethnesche Minoritéiten a China.

Am Weste goufe si iwwer den US-amerikanesche Botaniker Joseph Rock an de russesche Reesenden an Auteur Peter Goullart (Forgotten Kingdom ) bekannt, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert zu Lijiang gelieft hunn an do ronderëm gereest sinn. De Rock huet ë. a. Fotoe vun do am National Geographic publizéiert.