Nawaf al-Ahmad al-Sabah

Den Nawaf al-Ahmad al-Dschaber al-Sabah (Arabesch: نواف الأحمد الجابر الصباح), kuerz och Scheich Nawaf, gebuer de 25. Juni 1937 zu Kuwait a gestuerwen de 16. Dezember 2023, war vum 30. September 2020 bis zu sengem Doud de 16. Emir vum Kuwait aus der Famill al-Sabah.

Nawaf al-Ahmad al-Sabah
Titelen
Biographie
Gebuer 25. Juni 1937
Kuwait City
Gestuerwen 16. Dezember 2023

Liewen änneren

Den Nawaf al-Ahmad war e Bouf vum Ahmad, dee vun 1921 bis 1950 den 10. Emir vum Kuwait war, an deem senger eelefter Fra Yamama.[1] Hien huet seng Studien am Vereenegte Kinnekräich gemaach.

De 7. Februar 2006 gouf hien zum Krounprënz ernannt.[2] Den 30. September 2020 gouf hien, als Nofollger vu sengem Hallefbrudder Sabah IV., zum Staatschef vum Kuwait ernannt.

Als Emir huet den Nawaf den 8. Oktober 2020 sengersäits säin Hallefbrudder Mischal zum Krounprënz deklaréiert.[3]

Hien ass de 16. Dezember 2023 am Alter vu 86 Joer gestuerwen,[4] wouropshin de Mischal neien Emir gouf. Hie gouf um Al-Sulaibikhat-Kierfecht zu Kuwait begruewen.

Um Spaweck änneren

Commons: Nawaf Al-Ahmad Al-Jaber Al-Sabah – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Royal Ark
  2. Dekreet vun der Ernennung op Arabesch
  3. Kuwait crown prince tasked with naming prime minister The Arab Weekly, nogekuckt 2023-06-16.
  4. Emir von Kuwait ist tot. spiegel.de, 2023-12-16.