Naturschutzgebitt Sporbaach

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

D'Naturschutzgebitt Sporbaach ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Wëntger, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 28. Februar 2017 geschafe gouf.[1]

Naturschutzgebitt
Sporbaach
Land Lëtzebuerg
Plaz Wëntger
Fläch 99,25 ha
Nationalcode ZH10
Koordinaten 50°5'1,50"N, 5°53'55,18"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 28. Februar 2017

Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vun am Ganzen 99,25 Hektar, ronderëm den ieweschte Laf vun der Sporbech, e lénksen Niewefloss vun der Trëtterbaach. Den CR333 duerchschneit et op enger kuerzer Distanz.

D'Naturschutzgebitt Sporbaach ass en Deel vun den Natura 2000-Zonen Troine/Hoffelt – Sporbaach (LU0001043) a Vallée de la Tretterbaach et affluents de la frontière à Asselborn (LU0002002).[1]

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 28 février 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone humide « Sporbaach » sise sur le territoire de la Commune de Wincrange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 09.01.2020.