Naturschutzgebitt Schlammwiss-Brill
Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg
D'Naturschutzgebitt Schlammwiss-Brill ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an den Gemenge Betzder, Nidderaanwen a Schëtter, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 25. Juli 2018 geschaf gouf[1].
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Schëtter |
Fläch | 86,82 ha |
Nationalcode | ZH51 |
Koordinaten | 49°38'41,57"N, 6°16'51,96"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 25. Juli 2018 |
Et huet eng Fläch vun 86,82 Hektar. D'Schlammwiss huet e bemierkenswäerte Räichtum u Planzen an Déieren ass eent vun de wichtegste Fiichtgebidder zu Lëtzebuerg. Virun allem eng Rëtsch Vulle benotzen op hirem Zuch duerch Europa d'Schlammwiss fir ze raschten an hir Fettreserven opzefëllen. D'Schlammwiss läit am Natura 2000-Vulleschutzgebitt dat sech am Sirdall vu Mutfert bis op Rued-Sir zitt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlammwiss.