Naturschutzgebitt Ronnheck

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

D'Naturschutzgebitt Ronnheck ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg an der Gemeng Jonglënster, nërdlech vun der Uertschaft Jonglënster, am Dall vun der Schwaarzer Iernz, op hirem Laf ronderëm de Beelebierg, bis an de Blummendall, mat de Wisen, Bongerten a Bëscher ronderëm.

Naturschutzgebitt
Ronnheck
Land Lëtzebuerg
Plaz Jonglënster
Fläch 180,82 ha
Nationalcode RD 27
Koordinaten 49°43'49,55"N, 6°15'2,77"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 25. Juni 2014

Et gouf duerch de Règlement grand-ducal vum 25. Juni 2014 geschaf.[1]

D'Naturschutzgebitt, dat eng Gesamtfläch vun 180,82 ha huet, besteet aus zwou Zonen:

  • d'Zon A, am ieweschte Laf vun der Wäisser Iernz, mat derbei de Südost-Hänk vum Schëddebierg an engem klenge Bësch erop op den Hiwwel Hëlzeklëppel als Haaptzon, an
  • d'Zon B, am Laf vun der Iernz weider flossof, westlech an nërdlech vum Beelebierg, an de Jean-Haris-Gronn eran, souwéi d'Zone ronderëm.

Referenzen änneren

  1. Règlement grand-ducal du 25 juin 2014 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle le site «Ronnheck» sis sur le territoire de la commune de Junglinster op legilux.public.lu.