Naturschutzgebitt Reckingerhaff-Weiergerwan
Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg
D'Naturschutzgebitt Reckingerhaff-Weiergewan ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg an de Gemenge Bous, Duelem a Munneref, tëscht dem Alebierg an dem Kréichelhäffchen.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Munneref, Bous, Duelem |
Fläch | 272,8 ha |
Nationalcode | ZH 56 |
Koordinaten | 49°32'9,28"N, 6°18'26,78"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 24. Februar 2016 |
Et gouf duerch de Règlement grand-ducal vum 24. Februar 2016 geschaf.[1]
D'Naturschutzgebitt, dat eng Gesamtfläch vun 143,2 ha huet, besteet aus dräi Zonen:
- d'Zonen A1 an A2, déi aus respektiv engem Hankbësch (dem Kréischelhäffchen) an engem Weier, souwwéi engem Bësch oder Bongert an engem Hank vum Alebierg erof bei d'Hesslengerbaach bestinn, an déi méi streng geschützt sinn, an
- d'Zon B, ronderëm, mat de Floueren Am Hessleng a Weiergewan, an de Bëscher uewen am Hank ronderëm.
De Reckingerhaff selwer gehéiert, als landwirtschaftleche Betrib, net derzou.
Et ass en Deel vun der Natura 2000-Zon "Regioun Uewermusel" (LU0001029).[1]