Naturschutzgebitt Kalburen
D'Naturschutzgebitt Kalburen (am Gesetzestext Kaleburn genannt) ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Wëntger, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 28. Februar 2017 geschafe gouf.[1]
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Wëntger |
Fläch | 81,43 ha |
Nationalcode | ZH09 |
Koordinaten | 50°5'52,37"N, 5°54'15,05"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 28. Februar 2017 |
Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vun 13,82 Hektar, mat ronderëm enger Schutzzon vu 67,61 Hektar, dat vum Quellgebitt vun der Baach Kalburen forméiert gëtt. D'Schutzzon zitt d'Bëschgebitt (Alebësch a Jongebësch) ronderëm d'Quell, bis un d'belsch Grenz, an de weidere Laf vun der Baach mat an, zu deem och den Houfelter Kanal gehéiert, en Iwwerrescht vun de Bauaarbechte vum Meuse-Musel-Kanal, deen ni fäerdeg gebaut gouf.
D'Naturschutzgebitt Kalburen/"Kaleburn" ass en Deel vun den Natura 2000-Zonen Hoffelt – Kaleburn (LU0001042) a Vallée de la Tretterbaach et affluents de la frontière à Asselborn (LU0002002).[1]
Et ass en Habitat vun ë. a. enger ganzer Rëtsch Päiperleken.[2]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 28 février 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone humide « Kaleburn » sise sur le territoire de la commune de Wincrange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 09.01.2020.
- ↑ KALEBURN – Hoffelt – Kaleburn LU001042 op life-eislek.lu.