National Symboler vu Lëtzebuerg
D'national Symboler vu Lëtzebuerg sinn de Fändel, de Wopen, d'Nationalhymn, den Nationalfeierdag an d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg[1].
Fändel
ännerenDen haitege Lëtzebuerger Fändel besteet aus dräi horizontale Sträifen an de Faarwen (vun uewen no ënnen) rout, wäiss a blo. E gläicht dem hollännesche Fändel, huet awer en anert Gréissteverhältnis an dat Blot ass beim hollännesche Fändel méi däischter.
Déi meescht modern blo-wäiss-rout Fändele gi méi oder manner direkt op d'Trikolor vun der Éischter franséischer Republik zeréck. Och de ganz alen hollännesche Fändel krut d'Faarwe rout, wäiss a blo eréischt 1795, ënner franséischem Afloss, duerch d'Batavesch Republik.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fändel vu Lëtzebuerg.
Wopen
ännerenDe Wope vum Groussherzogtum Lëtzebuerg gëtt et an dräi Gréissten (kleng, mëttelgrouss a grouss) an e besteet am Fong aus zéng sëlweren a bloe Sträife mat engem roude Léiw mat gesplécktem, diagonal gekräiztem Schwanz, mat gëllene Krallen, Zong a Kroun.
Den Urspronk vum Nationalwope geet bis an d'Mëttelalter zeréck.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wope vu Lëtzebuerg.
Nationalhymn
ännerenD'Lëtzebuerger Nationalhymn besteet aus der éischter an der véierter Stroph vum Lidd „Ons Heemecht“ aus dem Joer 1859. D'Melodie ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). Si gouf 1864 op engem Museksfest zu Ettelbréck uropgeféiert
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ons Heemecht.
Nationalfeierdag
ännerenZënter dem 23. Dezember 1961 sinn d'„ëffentlech Feierlechkeete fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag“ op den 23. Juni festgeluecht[2][3]; den Ausdrock „Nationalfeierdag“ gëtt et an de legalen Texter net. Déi offizielle Feierlechkeete sinn den Dag selwer, iwwerdeems Volleksfester uechter d'Land schonn den Owend virdrun (22. Juni) organiséiert ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Nationalfeierdag.
Hymn vun der Groussherzogen
ännerenDe Wilhelmus ass d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg vun där déi eelst schrëftlech Spueren op d'Joer 1574 zeréckginn. De Wilhelmus gëtt gespillt, wa bei enger Zeremonie e Member vum groussherzoglechen Haus ukënnt oder fortgeet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wilhelmus.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, pp. 12-13. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 07.11.2024.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 23 décembre 1961 remplaçant l'alinéa premier de l'article 2 de l'arrêté grand-ducal du 8 août 1947 portant réglementation des jours fériés légaux. data.legilux.public.lu (23.12.1961). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ (fr)Code du Travail – Jours fériés légaux Art. L. 232-2. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 08.11.2024.