Den Natasha ass ee klengen Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit, um südwestleche Rand vum Mare Imbrium. Den Natasha läit ëstlech vum Krater Brayley a südlech vum Krater Euler.

Natasha
Foto, opgeholl vu Lunar Orbiter 4
Koordinaten 19°58'48"N, 31°9'36"W
Duerchmiesser 11,31 km
Déift 290m[1]
Selenographesch Längt 30° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1976

Souwuel den Natasha wéi och aner kleng Krateren an Uewerflächestrukturen an der Géigend kruten hiren Numm als Folleg vu Bezeechnungen um Blad 39C2/S1 (Rima Euler)[2] vun der Topophotomap- NASA-Kaarteserie, déi 1976 vun der I.A.U. iwwerholl goufen. Zu dëse Bezeechnunge gehéieren d'Catena Pierre, d'Rima Wan-Yu nordwestlech vum Natasha, a follgend Niewekrateren:

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
Akis 20° N, 31,76° W7 2 km [1]
Ango 20,46° N, 32,34° W7 870 m [2]
Jehan 20,69° N, 31,88° W7 5 km [3]
Rosa 20,29° N, 32,31° W7 820 m [4]

D'Nimm vun dëse Krateren (och wéi Wan-Yu a Pierre) stinn op enger Lëscht vu Kraternimm déi an de Proceedings vun der 16. IAU-Generalversammlung, 1976 zu Grenobel festgehale goufen. Den Natasha gouf fréier als Euler P bezeechent. 1991 gouf als weider Bezeechnung Vinogradov (nom russesche Mathematiker Iwan Matwejewitsch Winogradow) verginn. Dëse konkurréierenden Numm gouf 2000 nees opginn. De Krater Jehan war fréier den Euler K.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.
  2. Topophotomap 39C2/S1