D'Narzissen (Gattung Narcissus) si Bléieplanzen aus der Famill vun den Amaryllisplanzen. Et gëtt ongeféier 50 Aarten, haaptsächlech an Europa an an Nordafrika. Eng vun de bekanntsten zu Lëtzebuerg ass d'Ouschterblumm (Narcissus pseudonarcissus), am Éislek an der Géigend vu Lellgen als Lorblumm bekannt, well se do ronderëm dem Lieu-dit "Lor" an de Louhecke wiisst.[1]

Narzissen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Liliopsida
Uerdnung Asparagales
Famill Amaryllisplanzen
Gattung Narzissen
Wëssenschaftlechen Numm
Narcissus
Linné

Klasséierung vun de Gaardennarzissen änneren

Geziicht Narzisse ginn op der Basis vun hire Bléien an 12 Gruppen agedeelt:

  1. Trompetten
  2. Narzisse mat enger grousser Kroun
  3. Narzisse mar enger klenger Kroun
  4. Narzisse mat duebele Bléien
  5. Triandrus
  6. Cyclamineus
  7. Jonquilla
  8. Tazetta
  9. Poeticus
  10. Wëll Narzissen
  11. Narzisse mat gedeelter Kroun (Kolrett)
  12. Verschiddener

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wörterbuch, 1970, Bd. 3, S. 61. Kuck och: Lorblummen. Syndicat d’Initiative Kiischpelt.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Narzissen – Biller, Videoen oder Audiodateien