Mykola Asarow

ukrainesche Politiker

De Mykola Janowytsch Asarow, op Ukrainesch Микола Янович Азаров, gebuer de 17. Dezember 1947 zu Kaluga a Russland als Nikolai Janowitsch Pachlo, op Russesch Николай Янович Пахло, ass en ukrainesche Politiker. Hie war vun 2010 bis 2014 Premierminister vun der Ukrain. Virdru war en ënner dem Wiktor Janukowytsch Finanzminister a Vizeregierungschef vun der Ukrain.

Mykola Asarow
Gebuer 17. Dezember 1947
Kaluga
Nationalitéit UdSSR, Ukrain
Aktivitéit Politiker, Staatsmann, Universitéitsprofesser, Ekonomist, Ingenieur, Geolog
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Hien hat seng berufflech Karriär 1971 als Chef de Service an dunn Chefingenieur an enger Kuelegrouf ugefaangen a goung 1976 an d'Fuerschung. 1984 ass en an d'Ukrain wunne gaangen, wou en als (Vize-)Direkter vun engem Institut fir Biergbau a Geologie geschafft huet. Hien huet 1986 en Dokter-Titel fir Geologie a Mineralogie kritt an 1991 den Titel als Professer.

Seng politesch Karriär huet en ufanks der 1990er Joren ugefaangen, an der Partei vun der Aarbecht (Partija Prazi), déi méi spéit a Partei vun der regionaler Erëmgebuert (Partija Regionalnoho Wyroschdennja) an 2001 a Partei vun de Regiounen (Partija Rehioniw) ëmgenannt gouf. Den Asarow gouf 1994 an d'Werchowna Rada, d'ukrainescht Parlament, gewiellt. Hie war 2001 President vun der Partija Regioniw an huet dunn d'Presidence un de Wiktor Janukowytsch iwwerginn.

Vun 26. November 2002 bis Dezember 2004, an dann nees vum 4. August 2006 bis den 18. Dezember 2007 war den Asarow Vizepremier a Finanzminister an der Regierung Janukowytsch I an II.

Wéi de Janukowytsch bei de Presidentschaftswalen 2010 gewonnen huet, gouf den Asarow eng weider Kéier President vun der Partei vun de Regiounen. Den 11. Mäerz 2010 gouf en zum ukrainesche Ministerpresident gewielt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Mykola Asarow – Biller, Videoen oder Audiodateien