Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Musée Eugène-Pesch zu Zowaasch ëmfaasst eng Kollektioun vu Mineraler, Fossilien a Minièresgeschier. Eng Rekonstruktioun vun enger Minnegalerie erënnert un déi schwiereg Aarbechtskonditioune vun de Grouwen am Ufank vum 20. Joerhonnert.

De Musée zu Zowaasch

Nieft der permanenter Ausstellung vun der Pesch-Kollektioun ass virgesinn, aner Saachen zäitweis do ze weisen.

De Fong staamt aus der Privatsammlung vum Eugène Pesch, dee se der Gemeng Déifferdeng an engem notariellen Akt 1979 vermaach hat. De Musée war 25 Joer laang am Centre Marcel-Noppeney zu Uewerkuer doheem, ier en 2007 op Zowaasch geplënnert ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Musée Eugène-Pesch – Biller, Videoen oder Audiodateien