Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mumiy Troll (Мумий Тролль) ass eng russesch Museksgrupp vu Wladiwostok, déi 1983 vum Bandleader Ilja Lagutenko als Mumi Troll gegrënnt gouf (Муми Тролль).[1] De Stil vun der Grupp verbënnt Elementer vum Alternative Rock, Brit-Pop, Pop-Rock an Indie Rock.

Fichier:Mumiy Troll band 2016.jpg
D'Bandmemberen am Joer 2016
Mumiy Troll, op engem Festival am WDNCh zu Moskau (2013)

De Lagutenko huet sech bei der Sich no engem Bandnumm un de Figuren aus de Bicher vun der finnesch-schweedescher Schrëftstellerin Tove Jansson, de "Mumin-Trollen", orientéiert.

Mam Album Morskaja (Морская) vun 1997 huet hire grousse Succès mat ronn 1 Millioun Kopien ugefaangen.[2] Beléift Hitte waren Utekai (Утекай, 1997), Wladiwostok 2000 (Владивосток 2000, 1997),[3],[4] grad wéi och Delfiny (Дельфины, 1997) an Nevesta? (Невеста?, 1999)

Mumiy Troll huet Russland um Eurovision Song Contest 2001 zu Kopenhagen vertrueden. Mam Lidd Lady Alpine Blue ass d'Grupp do mat 37 Punkten op déi 12. Plaz komm.[5]

Aktuell Memberen änneren

Discographie änneren

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. http://rockgo.ru/russkiye-rock-gruppy/5-mumiy-troll/24-istoriya-gruppy-mumiy-troll.html
  2. Александр Кушнир. Глава VII. Леонид Бурлаков // Хедлайнеры. — Москва: Амфора, 2007. — 416 с. — ISBN 978-5-367-00585-1.
  3. Редакция Rolling Stone. 40 песен, изменивших мир // Rolling Stone. — Москва: Издательский дом СПН, Октябрь 2007.
  4. Максим Тувим, Антон Милехин, Дмитрий Демидов. 100 песен, изменивших нашу жизнь. Time Out (7 декабря 2011).
  5. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=266