D'Muidebrug ass eng Dréibréck am Quartier Muide zu Gent. Et ass eng Stroossebréck a si verbënnt d'Voormuidestrooss mat der Muidepoortstrooss.

Muidebrug
Geographie
Land Belsch
Plaz Gent
(Voormuide-Muidepoort)
Koordinaten 51° 04’ 13.28’’ N
      03° 43’ 49.06’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Féiert iwwer Tolhuisdok
Technesch Detailer
Bréckentyp Dréibréck
Dunnebréck
Längt tëscht Widderlager ~42 m
Bemierkungen
Ersetzt Bréck vun 1951
Opgaangen 2000

Bréckegeschicht änneren

Déi éischt Bréck op där Plaz war eng duebel Dréibréck vun 1829[1]. Déi 1844 mat enger ersat déi bal d'selwecht war.
Déi gouf dunn 1868 mat eng Eisener Dréibréck aus engem Stéck ersat[2], mat enger Längt vu 26,50 m an enger Duerchfaartsbreet vun 13,00 m. Se hat eng Fuerbunn vun 2,65 m a war mat den Trëttoiren 4,45 m breet.

Mol keng 20 Joer duerno, 1887, gouf déi mat enger Bréck ersat déi 2 Fuerspueren hat, mat enger totaler Breet vu 7,80 m, enger Längt vun 39,50 m an enger Duerchfaartsbreet vu 16,34 m. Se hat eng fräi Héicht vun 2,94 m.

Nom éischte Véirel vum 20. Joerhonnert war déi Bréck an engem ganz schlechten Zoustand soudatt d'Stad Gent decidéiert huet eng nei Bréck ze bauen. Dofir gouf e Concours ausgeschriwwen and Wiel ass op eng Bréck mat Vierendeeldunne gefall, déi dunn 1934 gebaut gouf. Déi gouf am Ufank vum Zweete Weltkrich gesprengt an et koum eng provisoresch Bréck an d'Plaz. Et huet du bis 1951 gedauert ier eng nei Bréck gebaut gouf. Dat war dunn eng Fachwierkbréck vum Typ Warren mat vertikale Verstriewungen. Déi huet du bis an d'Joer 2000 den Déngscht gemaach.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Muidebrug vun 1934 an am Artikel Muidebrug vun 1951.

Technesch Donnéeë vun de fréiere metalle Muidebrécken änneren

Baujoer Längt (m) Breeten (m) Fräi Héicht
Fuerbunn Trëttoir Total Duerchfaart
1868 26,5 2,65 2 × 0,90 04,45 13,00 ?
1887 39,5 5,00 2 × 1,40 07,80 16,34 2,94
1934 38,6 6,00 2 × 1,50 09,00 16,50 3,50
1951 42,2 6,30 2 × 2,45 11,20 21,00 4,50

Referenzen änneren

  1. Marc Braham, Les ponts métalliques historiques belges
  2. Labijn M, Uit de geschiednis van de gentse bruggen