Eng Mousselinescrème ass eng Mëschung vu Crème pâtissière mat Botter.

frësch Mousselinescrème

Si besteet deemno aus Zocker, Eeër a Miel, déi gutt vermëscht ginn, an op déi da kache Mëllech geschott gëtt, an dann ënner stännegem Réieren op staarker Flam agedéckst gëtt. Nodeem datt dës Crème pâtissière nees ofgekillt ass gëtt mëlle Botter drënnergeklappt.

Et kann ee s'a Patisserie verschaffen, wéi z. B. Chou, Millefeuille oder Fraisier.