Crème pâtissière ass eng Eeërcrème, déi een a verschiddenen Zorte Patisserie verschafft, wéi z. B. Chou, Eclair, Salambo oder Millefeuille.

Si besteet aus Ee, Miel, Zocker a Mëllech, déi erhëtzt, geschloen an nees kal gi gelooss ginn. Gemenkerhand gëtt se mat Vanill parfüméiert, mä et kann een awer och Schockela, Kaffi, Karamell, Likör, asw. huelen.

D'Haaptvariante vun der Crème pâtissière sinn: