De Pierre Moustapha ("Mouss") Diouf, gebuer den 28. Oktober 1964 zu Dakar am Senegal a gestuerwen de 7. Juli 2012 zu Marseille, war e franséische Schauspiller a Komiker.

Mouss Diouf
Gebuertsnumm Pierre Diouf
Gebuer 28. Oktober 1964
Dakar
Gestuerwen 7. Juli 2012
Marseille
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Frankräich, Senegal
Aktivitéit Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Hien hat eng Rëtsch Niewerollen a Filmer an an Telefilmer, an ass och a One-Man-Showen opgetrueden (Avant, quand j'étais noir, 2006 an Naturellement humain, 2008). Bekannt war e virun allem fir seng Roll als Inspekter N'Guma an der Televisiounsserie Julie Lescaut tëscht 1992 an 2006.

2009 krut hien op der Bün en Hiereschlag, vun deem e sech net méi erholl huet an un de Follge gestuerwen ass.

Um Spaweck änneren