Als Moundkamera gëtt en astronomescht Moossinstrument bezeechent, mat deem déi visuell Bunn vum Äerdmound ënner de Fixstäre prezis vermooss ka ginn.

Dobäi sinn zwéi Problemer z'iwwerwannen:

  • déi séier Beweegung vum Äerdtrabant, déi an ongeféier 50 Minutte eng Vollmoundbreet ausmécht;
  • seng grouss Hellegkeet, déi fir eng gutt fotografesch Foto speziell Filteren erfuerdert.

Am Ufank vun den 1960er-Joren hat de Geodet W. Markowitz déi bis dohi geneest Moundkamera entwéckelt, bei där d'Filterung an d'Noféierung duerch eng optesch Plangplack mat Registréiermikrometer geléist goufen.

D'Moundkamera huet zwar eng héich Prezisioun, déi bei laange Moossreien ongeféier 0,01" erreeche kann. Si gëtt awer haut nëmme méi rar agesat, well Lasermiessunge vum Mound (Lunar Laser Ranging) an der Tëschenzäit méi genee a gréisstendeels automatesch gemaach ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Markowitz Wm.: Photographic determination of the moon's position, and applications to the measure of time, rotation of the earth, and geodesy. Astronomical Journal, Vol. 59, p. 69 (1954) (online)

Markowitz Wm.: Variations in rotation of the earth, results obtained with the dual-rate moon camera and photographic zenith tubes. Dirk Brouwer, ed.: The Rotation of the Earth and Atomic Time Standards, IAU Symposium no. 11, Moscow, August 1958. Lancaster Press 1959, p.26 (online)