Mosfellsbær
Mosfellsbær | |
---|---|
Land | Island |
Regioun: | Höfuðborgarsvæði |
Koordinaten: | 64°10′N 21°42′W |
Fläch: | 185 km² |
Awunner: | 8.147 (2007) |
Bevëlkerungsdicht: | 41,0 / km² |
Héicht: | 0 m |
Buergermeeschter: | Ragnheiður Ríkharðsdóttir |
Mosfellsbær ass eng islännesch Gemeng mat 8.147 Awunner an der Regioun Höfuðborgarsvæði. Mosfellsbær läit am Norde vu Reykjavík.
Mosfellsbær, an der Géigend Mosó genannt, heescht iwwersat D'Stad vum Moos, well et gëtt do nëmme Moos, awer keng Beem. An Island gëtt et keng natierlech Bëscher oder Beem. D'Bierger bei Mosfellsbær si bewuess mat Moos. An der Regioun Höfuðborgarsvæði gëtt et dräi héich Bierger, Úlfarsfell, Esjan, a Mosfell.
Waarmwaasserquellen
ännerenAus iwwer 100 Waarmwaasserquelle gëtt vu Mosfellsbær aus Waasser an d'Haaptstad gepompelt.
De Fluchhafen
ännerenEt gëtt e Fluchhafen zu Mosfellsbær, deen Tungubakka heescht. D'Fluchpist ass Wues. Et gëtt e Fligerclub do deen eng Rei Fligeren huet, aler an neier. All Joer ass beim Fluchhafen e grousst Fest mat Ausstellung vun de Sportsfliger, dat Silver Jódel heescht. Dann ass och e Concours, wien am beschte lande kann.
Bekannt Leit vu Mosó
ännerenDen Halldór Kiljan Laxness (1902-1998), en islännesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier an der Literatur vun 1955, hat eng Farm zu Mosfellsbær.
Um Spaweck
ännerenCommons: Mosfellsbær – Biller, Videoen oder Audiodateien |