Morven Christie

brittesch Schauspillerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Morven Christie, gebuer den 1. September 1981[1] zu Helensburgh a Schottland, ass eng brittesch Theater- a Filmschauspillerin.[2]

Morven Christie
Gebuer 1. September 1981
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Drama Centre London
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Si ass gebuer zu Helensbuerg an huet an der Kannerzäit zu Glasgow an zu Aviemore gelieft.[3] D'Christie huet op dem Drama Centre London Drama studéiert.[2] Si huet hir Karriär a Filmer 2004 ugefaangen.[4]

D'Schauspillerin ass bekannt mat der Roll als Alison Hughes an der BBC-Dramaserie The A Word (2017), an och mat hir Rollen an den Tëleesserië Grantchester (2014-17) a The Replacement (2017).[3],[5] 2017 gouf si fir e BAFTA Scotland Award nominéiert (Nominatioun: Best Actress - Television).[6]

Als Theaterschauspillerin, gouf d'Morven Christie bekannt mat der Roll als Juliet an der Tragedie Romeo and Juliet (Versioun 2006 vum Royal Shakespeare Theatre).[7]

D'Christie huet eng Zäit zu London gelieft an haut wunnt si zu Glasgow. Si ass och eng Twitter-Bloggerin a Feminismus-Aktivistin.[3]

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op IMDb (en)
  2. 2,0 2,1 http://www.heraldscotland.com/arts_ents/13411750.Morven_Christie___I_think_it_s_kind_of_heartbreaking_that_women_have_never_seen_a_reflection_of_themselves_in_film_or_on_television__/
  3. 3,0 3,1 3,2 http://www.heraldscotland.com/arts_ents/15641200.Morven_Christie___I_detest_injustice__I_m_done_thinking___It_s_best_not_to_say_anything______/?ref=ar
  4. Fiche op IMDb (en)
  5. https://www.thesun.co.uk/tvandshowbiz/2966905/morven-christie-the-a-word-replacement-grantchester/
  6. http://www.imdb.com/name/nm1410360/awards?ref_=nm_awd
  7. https://web.archive.org/web/20080403105524/http://www.independent.co.uk/arts-entertainment/theatre/reviews/romeo-and-juliet-royal-shakespeare-theatre-stratforduponavon--none-onestar-twostar-threestar-fourstar-fivestar-474889.html