Moon Jae-in

südkoreanesche Politiker

De Moon Jae-in, gebuer de 24. Januar 1953 zu Geoje, ass e südkoreanesche Politiker vun der sozialliberaler Minju-Partei a vum 10. Mee 2017 bis 2022 den 12. President vun der Republik Korea.

Moon Jae-in
Gebuer 24. Januar 1953
Geoje
Nationalitéit Südkorea
Educatioun Kyung-Hee-Universitéit
Aktivitéit Politiker, Affekot, Libraire
Partei Nei Politesch Allianz fir Demokratie
Famill
Bestuet mat Kim Jung-sook
Papp Moon Yong-hyung

Hien ass vu Beruff Affekot, spezialiséiert op Mënscherechter, a war e Mataarbechter vum fréiere President Roh Moo-hyun. 2012 war hie Kandidat bei der Presidentschaftswal, déi e géint d'Park Geun-hye verluer hat. Nom Récktrëtt vun der Madamm Park gouf et fréizäiteg Neiwalen.

De Moon setzt sech fir e Rapprochement vu sengem Land mat Nordkorea an.

Um Spaweck änneren

Commons: Moon Jae-in – Biller, Videoen oder Audiodateien