Monument aux morts Miersch

Monument, dat un déi Doudeg aus dem Zweete Weltkrich erënnert

De Monument aux morts zu Miersch ass e Monument, dat un déi Doudeg aus dem Zweete Weltkrich erënnert.

Monument aux morts Miersch
De Monument aux Morts virun der Mierscher Kierch
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Kierch Miersch
Ageweit 6. Mee 1951
Material Granit
Architekt Henri Luja

Et steet virun der Parkierch a gouf de 6. Mee 1951 ageweit. D'Pläng ware vum Henri Luja, Entreprener war den Nic. Decker[1].

Op enger Granitstafel steet geschriwwen:

D'Mierscher Hémecht hire Kanner
de' am Kazett, an der Deportatio'n
als Zaldot an Arbechter
fir Letzeburg hirt Liewen gin hun
1940 1945

Op zwou weidere Granitstafele riets a lénks sinn d'Nimm vun den Affer agravéiert.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Mersch: Patrimoine de la Commune - Monument an die Verstorbenen. op mersch.lu.