Monument Xavier-Henrard

D'Xavier-Henrard-Monument zu Champs an der Gemeng Bertogne ass e Monument dat un den eenzege Pilot erënnert dee mat engem belsche Fliger an der Zäit vum Zweete Weltkrich ofgeschoss gouf an dobäi ëm d'Liewe koum. Et steet ronn 100 Meter vun der Gemengegrenz vu Bertogne a Baaschtnech an engem Feldwee um Flouer Le rond Fromage tëscht Champs an Hemroulle an ërennert un den Doud vum Sous-lieutenant Xavier Henrard den 2. Mäerz 1940 deen do mat sengem Hurricane erofgefall war, nodeems e probéiert hat eng däitsch Dornier Do 17 z'interceptéieren.

D'Monument Xavier Henrard an der Gewan vu Champs

Dat Ganzt huet sech an der Zäit vun der Drôle de Guerre ofgespillt. Eng Patrull vun dräi Hurricane vum zweete Geschwader, ënner dem Kommando vum Xavier Henrard, déi zu Schaffen stationéiert waren, haten deen Dag probéiert eng Do 17 zum Landen ze forcéieren, wéi dat an der Procédure virgesi war, am Fall wou Fliger vun engem Land dat am Krichszoustand war, am Loftraum vun engem neutrale Land war. Déi dräi Maschinnen haten d'Dornier encadréiert, wéi déi ugefaangen huet mat Schéissen. D'Maschinnegewierfeier huet déi dräi Fligere praktesch gläichzäiteg getraff. Den Henrard ass direkt erofgegall, den Sergeant Lieutenant konnt eng Bauchlandung maachen an den Sous-lieutenant Lelièvre huet et bis op d'Heemechtsfluchfeld gepackt.