Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Hawker Hurricane war e brittesche militäresche Juegdfliger aus der Zäit virum a wärend dem Zweete Weltkrich.

En Hawker Hurricane

Wéi am Summer an Hierscht 1940 d'Loftschluecht vun England iwwer Südengland getoobt huet, waren et d'Juegdfligere vun der Royal Air Force, déi verbasse géint d'Attacke vun der däitscher Luftwaffe gekämpft hunn. Zu zwéin Drëttel waren et jonk Piloten an engem Hawker Hurricane, déi déi Attacken ofgewiert hunn. Et heescht, allerdéngs zu Onrecht, datt den Hawker Hurricane am Schiet vum Supermarine Spitfire stoung. Tatsaach ass, datt déi meescht däitsch Fligeren, déi deemools iwwer England ofgeschoss goufen, dem méi robusten a méi zouverlässegen Hawker Hurricane guttzeschreiwe sinn.

Den Hawker Hurricane ass nach bis 2007 geflunn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Hawker Hurricane – Biller, Videoen oder Audiodateien