Monument 385th Bomb Group

Krichsmonument fir un zwou Fligerbesatzungen z'erënneren

D'Monument 385th Bomb Group zu Pärel ass e Krichsmonument fir un zwou Fligerbesatzungen z'erënneren déi an der Géigend vu Pärel an der Zäit vum Zweete Weltkrich ëm d'Liewe koumen.

Monument 385th Bomb Group
Monument vum 385. Bomb Group zu Pärel
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Rammerech
Plaz Pärel
Koordinaten 49°48'33,5722"N, 5°45'54,0511"O
Ageweit 21. Juni 1998
Zu Éiere vun 550th Strategic Missile Squadron,
551st Strategic Missile Squadron
Plack um Monument

Den 12. Juli 1944 waren zwou B-17 Flying Fortress tëscht Pärel a Wolwen zesummegestouss an erofgefall. Et waren d'B-17 G N° 42-102606 vun der 550. Schwadroun an d'B-17 G N° 42-31917 vun der 551. Schwadroun vun der USAAF.

Vun den 20 Mann u Bord vun den zwou Maschinnen hunn der 2 iwwerlieft.

D'Monument zu Pärel gouf den 21. Juni 1998 ageweit.