De Monsin-Kanal ass e Schëffskanal zu Léck dee parallel zum Albertkanal verleeft, an deen iwwer d'Monsin-Schleis den Albertkanal mat der Meuse a Richtung Visé verbënnt.

De Monsin-Kanal vir am Bild, hannendrun den Albertkanal a riets d'Eisebunnsbréck vun der Streck 214

De Kanal ass 750 m laang. En ass zougelooss fir Schëffer mat enger Längt vun 135 m an enger Breet vu 15 m. Den Déifgank läit bei 3,40 m an d'fräi Héicht ass 8,90 m.[1]

2013 sinn 2 192 688 Tonne Wueren driwwer verschëfft ginn.[2]

Referenzen

änneren
  1. voies-hydrauliques.wallonie.be
  2. Voies hydrauliques Statistik 2013 Säit 140