Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Mona Ozouf, gebuer 1931, ass eng franséisch Fuerscherin a Philosophin déi sech mat der Geschicht beschäftegt a sech op d'Franséisch Revolutioun, d'Geschicht vun de Fraen an op d'Bedeitung vum Buch an eiser Kultur spezialiséiert huet.

Mona Ozouf
Gebuertsnumm Mona Annig Sohier
Gebuer 24. Februar 1931
Plourivo
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Historiker, Philosoph, Fuerscher
Partei PCF

Si ass d'Duechter vum Yann Sohier a vun der Anne Le Den, allenzwee Schoulmeeschter, déi sech fir d'Traditiounen an d'Sprooch vun der Bretagne agesat hunn. Si gouf an der brettounescher Sprooch erzunn. No hirem Baccalauréat huet si de Concours fir d'École normale supérieure de jeunes filles vu Sèvres mat Erfolleg présentéiert an ass dunn Agrégée de philosophie ginn. 1954 huet si hire spéidere Mann de Jacques Ozouf kennegeléiert, an dat Joer drop bestuet. Duerch hien huet si d'Bekanntschaft mat Historiker wéi den Denis Richet, den Emmanuel le Roy Ladurie an de Francois Furet gemaach. Mam François Furet si vill Wierker an Zesummenaarbecht entstanen. Nom Zweete Weltkrich bis zum Opstand an Ungarn, war d'Mona Member vun der franséischer kommunistescher Partei.

Als Member vum Centre de recherches politiques Raymond Aron op der École des hautes études en sciences sociales (EHESS), ass si haut Directrice de recherche am Centre national vun de wëssenschaftleche Recherchen (CNRS). Se schafft och fir d'Zeitung Nouvel Observateur an ass bei der Revue Le Débat aktiv.

Publikatiounen änneren

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

  • Antoine de Baecque & Patrick Deville (ënner der Leedung vun), Mona Ozouf - Portrait d'une historienne; Paräis (Flammarion), 2019.

Referenzen änneren

  1. Académie royale néerlandaise des Sciences et des Lettres.
  2. Prix-littéraires.net.
  3. Ouest-France des 3–4 octobre 2009, page « Bretagne ».