Moien (Begréissung)

Dat lëtzebuergescht Wuert fir Hallo, Hello oder Bonjour
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Moien! ass e lëtzebuergescht Begréissungswuert, onofhängeg vun der Dageszäit.

Begréissungsschëld an der Entrée vum Justus-Lipsius-Gebai zu Bréissel, wéi Lëtzebuerg 2005 d'Présidence vum Conseil vun der EU hat.

Et ass e bësse méi informell wéi Bonjour, resp. Gudde Mëtteg, gudden Owend, oder moies, gudde Moien.

Dëst Begréissungswuert huet eng norddäitsch oder frisesch Originn, an huet Analogien an däitschen (cf. de: Moin !), nidderdäitschen, hollänneschen, däneschen, a souguer kaschubeschen Dialekter.