De Mohammed Mohammed Mursi Issa Ayyat[1],[2] (Arabesch: محمد محمد مرسي عيسى العياط, Transkr.: Muḥammad Muḥammad Mursī ʿĪsā al-ʿAiyāṭ); gebuer den 20. August 1951 an der Provënz Scharqiyya, a gestuerwen de 17. Juni 2019 zu Kairo, war vum 1. Juli 2012, no de Wale vum 24. Juni 2012, bis den 3. Juli 2013, wéi en duerch e Militärputsch ofgesat gouf, Staatspresident an Egypten.

Mohammed Mursi
Gebuer 8. August 1951
Gestuerwen 17. Juni 2019
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Egypten
Educatioun Universitéit vu Kairo,
Universitéit vu Südkalifornien
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser

Hie war och zanter dem 30. Abrëll 2011 de President vun der Fräiheets- a Gerechtegkeetspartei, déi vun de Moslembridder no der Egyptescher Revolutioun 2011 gegrënnt gouf.

De Mursi huet Ingenieurswëssenschaften op der Universitéit Kairo studéiert an déi 1978 mat engem Master a Metallurgie ofgeschloss.[1] Duerno huet e bis 1982 op der University of Southern California promovéiert.[1]

Doropshi gouf en Dozent op den Universitéite vu Kairo, vu Südkalifornien an op der California State University zu Northridge. 1985 gouf e Professer op der Universitéit vun Zagazig an Egypten, a blouf dat bis 2010. Hie war do Direkter fir d'Sektioun Materialwëssenschaft.[1]

Politik änneren

De Mursi ass Grënnungsmember vum Egyptesche Projetscomité fir de Widderstand géint den Zionismus.[1] An der Zäit vum Regime vum Husni Mubarak huet hien als Member vun de Moslembridder u regierungskriteschen Demonstratiounen deelgeholl a gouf dowéinst e puermol verhaft, fir d'lescht 2011 fir 7 Méint.[1]

De Mursi war Member vum Comité vun de Moslembridder bis d'Fräiheets- a Gerechtegkeetspartei gegrënnt gouf. Hie gouf zu hirem éischte President gewielt. Beim éischten Tour vun de Presidentewalen an Egypten 2012 krut hien déi meescht Stëmmen.[3] An och am zweeten Tour, Mëtt Juni 2012, huet hie sech géint den onofhängege Kandidat Ahmad Schafiq mat 51,7 % vun de gëltege Stëmme kënnen duerchsetzen.[4] Hien huet säin Amt den 1. Juli 2012 ugetrueden.

Ee Joer drop, den 3. Juli 2013, gouf en no deeglaange Protester géint hien, duerch e Militärputsch gestierzt.[5]

Duerno gouf him de Prozess gemaach wou hien an aner 14 Moslembridder ugeklot goufen, fir den Doud vun Demonsterante verantwortlech ze sinn. Am Abrëll 2015 gouf hien zu 20 Joer Prisong verurteelt. An engem anere Prozess, wou e mat anere wéinst Spionage, Terrorismus a Prisongsausbroch ugeklot war, gouf en de 16. Mee 2015 zum Doud verurteelt.

De 17. Juni 2019 ass hie viru Geriicht an d'Gette gaangen a gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Mohamed Morsi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Biographie op der Union of Islamic World Students Websäit (en)
  2. 13 Kandidaten kämpfen um Mubaraks Nachfolge, Die Zeit, 26. Abrëll 2012
  3. Mursi, Shafiq officially in Egypt's presidential elections runoffs. ahram.org.eg, 28. Mee 2012 (gekuckt den 29. Mee 2012).
  4. Ergebnis des zweiten Wahlgangs der Präsidentschaftswahlen tagesschau.de, 24. Juni 2012)
  5. "Putsch in Kairo: Ägyptens Militär stürzt Mursi." Spiegel Online, 03.07.2013 – 21:09.