Mohamed Abdullahi Mohamed
De Mohamed Abdullahi Mohamed (somalesch Maxamed Cabdulaahi Maxamed), genannt Farmajo, gebuer den 11. Mäerz 1962 zu Mogadischu, ass e somalesche Politiker.
Mohamed Abdullahi Mohamed | |
---|---|
Pseudonym | Farmajo |
Gebuer |
11. Mäerz 1962 Mogadischu |
Nationalitéit | Somalia |
Educatioun | University at Buffalo |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
Partei | Tayo |
Famill | |
Bestuet mat | Saynab Abdi Moallim |
Hie war vum Oktober 2010 bis de Juni 2011 Premierminister vu Somalia. Den 8. Februar 2017 gouf hien zum neie President vun deem Land gewielt. Am Mee 2022 gouf den Hassan Sheikh Mohamud säin Nofollger un der Spëtzt vum Land.
An den 1980er an 1990 huet de Mohamed an den USA gelieft, studéiert a geschafft, an hat och déi amerikanesch Nationalitéit kritt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Mohamed Abdullahi Mohamed – Biller, Videoen oder Audiodateien |