Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mogao ass eng Oas un der Seidestrooss, ongeféier 25 km vun Dunhuang (Provënz Gansu) ewech. Hei besti ronn 1.000 Grotten (och Grotte vun den 1.000 Buddhae genannt), eng méi schéi wéi déi aner. Hei hunn tëscht dem 4. an 11. Joerhonnert buddhistesch Patere Grotten an de mëlle Sandsteen geha a se mat Buddhastatuen a Wandmolereie verschéinert. Dës Grotte waren am Laf vun der Zäit komplett am Sand verschwonnen. Reng zoufälleg goufe se a jéngster Zäit erëmentdeckt a fräigeluecht. 492 vun dëse Grotte sinn haut fräi zougänglech fir d'Touristen. Well d'Liicht dës Konschtwierker kéint beschiedegen, gëtt et an de Grotte keng elektresch Luuchten. Täscheluuchte gi gebraucht fir all dës Konschtschätz kënnen ze bewonneren. Zousätzlech sinn och am Joer 1900 ronn 50.000 Dokumenter aus dem 4. bis 11. Joerhonnert do fonnt ginn. D'Pateren hate se do vergruewe fir se virun de mongoleschen Okkupanten a Sécherheet ze bréngen. Vill vun hinne sinn haut zu London am Besëtz vum Brittesche Musée.
Grouss Efforte sinn a leschter Zäit gemaach gi fir d'Grotten ze schützen. Am Joer 1987 huet d'UNESCO d'Mogao Grotten op hir Lëscht vum Weltierwe gesat.