Moderne Fënnefkampf

Olympesch Sportsdisziplin
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Moderne Fënnefkampf oder Pentathlon ass eng olympesch Sportsepreuve déi - sou wéi den Numm et seet - fënnef verschidde Sportaarte begräift:

Moderne Fënnefkampf
Pentathlon
Däitschen Timber vun 1983 fir d'Weltmeeschterschaft am Moderne Fënnefkampf
Olympesch Sportaart ♂ zënter 1912 (Eenzel), 1952 (Ekipp)
♀ zënter 2000
Federatioun
International Union internationale de pentathlon moderne
Lëtzebuerg (keng)
Ursprong
Aner Informatiounen
Aktuelle Weltmeeschter ♂ ♂♀ Südkorea (2022)
Schwammen
Fechten
Sprangreiden
Pistoulschéissen } Laser-Run
Lafen

De Moderne Fënnefkampf huet näischt mam fréiere Fënnefkampf ze dinn; keng vun den aktuellen Disziplinne war op den Olympesche Spiller vun der Antik vertrueden.

Geschicht änneren

Den ursprénglechen, anticke Fënnefkampf bestoung aus dem Lafen, Sprangen, Speerwerfen, Diskuswerfen a Réngen a war den Héichpunkt op de Spiller am anticke Griicheland. En hat eng besonnesch Stellung an der Gesellschaft an de Gewënner gouf als Victor Ludorum (lat. „Gewënner vun de Spiller“) bezeechent.

Déi modern Versioun gouf 1912 vum Pierre de Coubertin op de Spiller zu Stockholm agefouert. Hie war der Meenung, datt dës Kompetitioun „déi moralesch Qualitéite vun engem Mann, grad ewéi seng kierperlech Ressourcen a Fäegkeeten teste géif, an esou e komplette Sportler aus him maache géif“.

Reegelen änneren

D'Athleete kréie Punkte wéinst hire Leeschtungen an den dräi éischte Kompetitiounen: Schwammen, Fechten a Sprangreiden. Dës Punkte ginn a Startzäiten fir déi lescht Kompetitioun, de Laser-Run ëmgewandelt. Et handelt sech dobäi ëm en 3,2 km laange Cross-country-Laf mat véier Serië Laserpistoulschéissen.

Ursprénglech gouf de Moderne Fënnefkampf iwwer fënnef Deeg ausgedroen, hautdesdaags dauert e just nach zwéin Deeg, woubäi den éischten Dag d'Fechtkompetitioun begräift, bei där all Participant eemol géint all déi aner kämpft. Den zweeten Dag fänkt mat dem 200-m-Freestyle-Schwammen un, duerno ass eng Bonusronn am Fechte bei där d'Athleeten déi verléieren, eliminéiert ginn. An der Disziplin duerno mussen d'Athleeten op Päerd déi se net kennen, e Parcours mat 12 Hindernisser absolvéieren.

Den Héichpunkt vum Pentathlon ass de Laser-Run, bei deem den éischten Athleet deen iwwer d'Arrivée leeft, d'Goldmedail gewënnt.

Moderne Fënnefkampf an d'Olympesch Spiller änneren

De Moderne Fënnefkampf gouf fir d'éischt 1912 zu Stockholm als Eenzelkompetitioun ausgedroen an 1952 zu Helsinki koum nach eng Ekippekompetitioun derbäi. Fir Atlanta 1996 gouf et bedeitend Ännerungen: d'Ekippekompetitioun gouf gestrach all d'Kompetitioune waren op engem amplaz op fënnef Deeg.

Zu Sydney gouf et am Moderne Fënnefkampf am Joer 2000 déi éischt Damme-Kompetitioun.

Bei der Editioun 2012 zu London goufen d'Disziplinne Schéissen a Lafe kombinéiert an et gouf fir d'éischt Kéier mat Laser- amplaz vu Bläipistoule geschoss. Dat war absënns fir d'Sécherheet ze erhéijen a fir d'Ëmweltbelaaschtung ze reduzéieren.

Zu Rio koum 2016 dunn nach Fecht-Plazéierungsronn derbäi, déi nieft den anere véier Sportaarten um zweeten Dag organiséiert gëtt.

Olympesch Summerspiller 2024 änneren

1. Dag änneren

  • Plazéierungsronn am Fechten, bei där déi 36 Participanten all géinteneen untrieden. All Athleet fänkt mat 100 Punkten un a kritt sechs Punkte fir all Victoire, sou datt jidder Eenzele maximal 310 Punkten (35 * 6 + 100 = 310) kréie kann.

2. Dag änneren

  • 200 m Freestyle-Schwammen: de beschte Schwëmmer kritt déi meescht Punkten
  • Bonusronn am Fechten: et gëtt ee Punkt fir all Victoire
  • SprangreidenA: de Reider mat de mannste Feeler am Parcours kritt 300 Punkten
  • Laser-Run: de Leader vun der Kompetitioun start als éischte mat engem Virsprong dee sech aus de Punkte vu senge Konkurrenten zesummesetzt.

A D'Sprangreiden ass 2024 fir d'lescht bei den Olympesche Spiller derbäi

Moderne Fënnefkampf zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt et keen nationale Verband dee sech ëm de Moderne Fënnefkampf bekëmmert[1].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Moderne Fënnefkampf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (en)Continental Confederation – Europe | Union Internationale de Pentathlon Moderne (UIPM). www.uipmworld.org (2000-01-01). Gekuckt de(n) 2024-01-09.