D'Missa Luba ass eng Versioun vun der laténgescher Mass gesongen a gespillt no traditionelle kongoleesesche Rhythmen a Melodien aus der Demokratescher Republik Kongo. D'Mass gouf am Joer 1958 vum belsche Franziskanerpater Guido Haazen arrangéiert an opgeholl, de Chouer Les Troubadours du Roi Baudouin huet gesongen.

D'Mass ass international bekannt ginn well en Deel dervun a bekannte Filmer gebraucht gouf, sou wéi de Kyrie an de Gloria am Film Il Vangelo secondo Matteo (1964) vum Pier Paolo Pasolini an de Sanctus am Film If.... (1968) vum Lindsay Anderson.

De Soundtrack mam Sanctus aus dem Film If.... koum bei Philips eraus a war 11 Wochen an den engleschen Charts.