D'Mirjam vun Abellin war eng Nonn a Mystikerin, och "Maria vum gekräizegte Jesus" genannt. Si ass de 5. Januar 1846 zu Abellin a Galiläa als Mirjam Baouardy (och Maryam Bawardi geschriwwen) gebuer ginn. Hir Eltere ware Chrëschten an hunn der kathoulescher Kierch vu griichesch-melkitesche Ritus ugehéiert. Wéi d'Mirjam grad emol 3 Joer ass sinn hir Eltere kuerz noenaner gestuerwen an hu si mat hirem klenge Brudder Bulos zeréckgelooss. D'Mirjam ass duerno vun engem Monni opgeholl ginn an de Bulos vun enger Tatta. Déi zwee Gesëschter sollte sech net méi erëm gesinn.

Mirjam vun Abellin
Mirjam vun Abellin
Mirjam Baouardy
5. Januar 184626. August 1878
Nach kee Bild
Detailer
Beatifikatioun 13. November 1983
Kanonisatioun ---
Ënner dem Poopst Jean-Paul II.
Gedenkdag 26. August

Wéi am Orient sou gewinnt huet de Monni scho fréi no engem Mann fir d'Meedche gesicht. Mat 13 Joer wéi sollt si du bestuet ginn, huet d'Meedchen erkläert si wéilt sech net bestuede, mä Jongfra bleiwen. En Deel vun der Nuecht drop huet si virun engem Bild vun der Maria gebiet an huet si ëm Hëllef geruff. Am Schlof sot hir eng Stëmm och dës Hëllef zou.[Source?] D'Mirjam ass erwächt, huet hir laang Hoer ofgeschnidden an huet se mat all de Bijouen déi si vun hirem Verloobte kritt hat op d'Säit geluecht.

An der Tëschenzäit hat hire Monni scho Frënn a Bekannten op d'Hochzäitsiessen invitéiert. No orientaleschem Brauch muss d'Braut sech gerëscht mat hire ganze Bijouen de Gäscht presentéieren, mä amplaz vum Gedrénks dat gewéinlech offréiert gëtt, huet si hir Hoer an d'Bijouen ofginn.

Nodeem d'Hochzäit geplatzt war, huet d'Mirjam sech 1867 zu Pau a Frankräich de Karmeliterinnen ouni Schong (fr. "Carmélites déchaussées") ugeschloss an ass fir Uerdensaarbecht op Mangalore an Indien geschéckt ginn wou se 1870 hiert Gelübd ofgeluecht huet. 1872 ass si a Frankräich zeréckgaangen, an 1875 huet si zu Bethlehem e Klouschter gegrënnt.

Si hat ëmmer erëm déif mystesch Erliefnesser a war souguer mat de Wondmole vum Jesus stigmatiséiert. 1878 ass si zu Bethlehem a Palestina gestuerwen.

D'Mirjam ass den 13. November 1983 vum Poopst Jean-Paul II. Séileg gesprach an zur Friddenspatréinesch fir den Noen Osten erkläert ginn.

Literatur änneren