De Mircea Ion Snegur, gebuer de 17. Januar 1940 zu Trifănești, am Rajon Florești, a gestuerwen den 13. September 2023 zu Chișinău, war e moldawesche Politiker. Hie war deen éischte Staatspräsident vum Land nodeems dat 1991 onofhängeg gouf.

Mircea Snegur
Gebuer 17. Januar 1940
Gestuerwen 13. September 2023
Chișinău
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Moldawien
Aktivitéit Politiker
Partei keng, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Hie war Agraringenieur an huet an der Direktioun, oder als Direkter, vu landwirtschaftleche Produktiousgenossenschaften a Fuerschungsariichtunge geschafft. Vun 1985 bis 1989 war de Member vum Politbüro vum Zentralkomitee vun der moldawescher Kommunistescher Partei a vun 1989 bis 1990 Generalsekretär vum Ieweschte Sowjet vu Moldawien.

Wéi d'Sowjetunioun auserneegebrach ass huet hien de 27. August 1991 d'Onofhängegkeet vun der Republik Moldawien ausgeruff.[1] Bei der Presidentschaftswal den 8. Dezember 1991 gouf hien als eenzege Kandidat mat 98 % vun de Stëmmen zum Staatspresident gewielt. 1997 gouf de Petru Lucinschi säin Nofollger.

Literatur änneren

  • Snegur, Mircea. In: Andrei Brezianu, Vlad Spânu: The A to Z of Moldova. The Scarecrow Press, Lanham/Toronto/Plymouth 2010, S. 330f

Um Spaweck änneren

Commons: Mircea Ion Snegur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Reinhard Veser: Mircea Snegur 80. In: Frankfurter Allgemeine Zeitung, 17. Januar 2020, S. 5.